"Literatur a Politik" war en Donneschdeg d'Thema vun enger Diskussioun am Neimënster.

Ënnert der Leedung vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Helminger hunn den däitsch-iraneschen Islamwëssenschaftler Navid Kermani an de franséische Schrëftsteller Mathias Enard iwwert den Islam an Europa, d'Flüchtlingskris, an d'politesch Roll an der Literatur diskutéiert.  Et war ee sech eens, datt een d'sozial an d'reliéis Problemer net a Kategorien "Orient" a "westlech Welt" trennen däerf.

AUDIO: Literatur a Politik: De Reportage vum Claudia Kollwelter
RTL

© Claudia Kollwelter/RTL

Et si nämlech Problemer, déi jidderee betreffen. Den Navid Kermani betount, datt den IS awer eréischt wierklech als Problem gesi gouf, wou Leit aus der eegener Gesellschaft vun ëm betraff waren, ma jo awer bei wäitem net nëmmen de Weste bedrot ass.

Et misst een d'Bündnis tëscht Europa a Saudi Arabien a Fro stellen an net weider iwwert e Kampf ëm Kulture schwätzen. De Mathias Enard betount, datt ee wéisst, wou d'Problemer wieren, mä einfach näischt gemaach gëtt.

Antëscht wier dat Ethescht an dat Politescht staark vunenee getrennt. Wa viru Joeren nach dat Mënschlecht gezielt huet a keng national Ënnerscheeder gemaach goufen, gesäit et haut leider ganz anescht aus. Europa als Iddi géing et net méi ginn, mä hätt sech haut op d'Wirtschaft reduzéiert. Et huet een eng Sakgaass fir de Nationalstat geschaf, sou den Navid Kermani.

De Schrëftsteller spiert, datt wann een näischt mécht, Europa ënner Gefor ass, mä mengt awer och, datt wann d'Leit bis spieren, datt eist Liewe sech verännert, se reagéiere wäerten an en hofft, datt sech eng nei Gesellschaft forméiere wäert.

VIDEO: Top Thema mam Navid Kermani
Den däitsch-iraneschen Islamwëssenschaftler Navid Kermani war Invité beim Caroline Mart.