Kulturassisen ee Fake, richteg Kultur gëtt net gefërdert
Dat soen déi jonk Leit vum Kollektiv Richtung 22. Déi haten op eng Pressekonferenz invitéiert, fir ze protestéieren.
An zwar net egal wou, mä hannert der neister Lëtzebuerger Hochkultur, hannert der Philharmonie. Do hu 4 jonk Leit, ganz an Trauerschwaarz ugedoen, e bloe Campingdësch opgebaut, hunn Ziedelen dorëmmer gepecht, Maggy Nagel stoung op deem engen, e bëssen abseits, Dir verstitt, Xavier B. op deem aneren a Guy Panama Arendt op deem drëtten, verflossen an aktuell Kulturesponsabel also. Déi sollten d'Doleancë vun de jonke Leit wuel héieren, via Press.
Ok. An duerfir gouf et e bëssen - hoffentlech express schlechten - Cabaret. "Mir wëllen de Sujet vun der Konscht fir dës Assisen elo vum Häerz aus ugoen. Lëtzebuerg huet eng Konschtzeen! An dat muss mol gesot ginn!!"
Jo, jo, soen déi vum Kollektiv Richtung 22, mä se ass schrecklech etabléiert: entweder dobaussen akaaft, al an arrivéiert oder rockhal-mainstream. Jonk Leit ginn ausgeschloss. Institutioune kréie Suen, fräischaffend Kënschtler net. Et géif een dat bei Richtung 22 selwer spieren. Et wier schwéier als onofhängegt Kollektiv eng Zukunft ze fannen.
Quitte datt awer genuch Geld a bestëmmte Zeenen ënnerwee wier: Am Filmsekter kéint een u Filmer schaffen, wann ee sech un dat upasst, wat grad gemaach gëtt. Fir eppes wierklech Neies wier et schwéier u Suen erunzekommen. Et misst een also d'office eppes maachen, wat de Staat veréiert. Et kéint een net dat maachen, wat engem an de Sënn kënnt.
Kuerz an, nu jee, gutt: Richtung 22 wëll Stipendien, soe se, wëll och Geld vum Staat, also vum Panama-Arendt, fir onofhängeg a kritesch a kreativ schaffen ze kënnen. Hm.
A jo: Richtung 22 heescht Directioun 22. Joerhonnert. Wou och anscheinend ouni Goss näischt lass ass, an der jonker Konscht.