E Sonndeg war de leschten Dag vun der Expositioun mat der Gëllener Fra zu Käerjeng: Mat ronn 37.000 Visiteure goufen all Erwaardunge getoppt.

Den Organisateuren no sinn an de 6 Wochen alles an allem 36.903 Leit zu Käerjeng op der Expo passéiert.

Eleng um leschten Dag waren et der 3.100.

Trotz dem grousse Succès ass eng Verlängerung vun der Expo net méiglech, well d'Gëlle Fra schonns de Freideg nees op hirem Sockel an der Staat stoe soll.