De Musée Dräi Eechelen weist vum 7. Juli 2016 bis den 8. Mee 2017 d'Ausstellung « Pont Adolphe 1903 ».

Den Ament gëtt de Pont Adolphe jo renovéiert. D'Aarbechte sollen 2017 ofgeschloss ginn.

Am Virfeld erzielt eis d'Expo am Musée 3 Eechelen d'Geschicht vun den impressionante Bauaarbechten Ugangs vum 20. Jorhonnert zur Zäit vum Groussherzog Adolphe.

RTL

Den Haff-Fotograf Charles Bernhœft huet deemools déi ganz Aarbechten dokumentéiert.

Dernieft ginn Originalpläng gewisen, déi bis elo ni ausgestallt goufen. Eng aussergewéinlech Multimedia-Projektioun vun 12 Meter Breet retracéiert déi ganz Geschicht vun dësem symbolesche Bauwierk, wat d'Stadbild matmarkéiert.

Den Historique also vum Pont Adolphe, déi sougenannten "Nei Bréck" fir erof op d'Gare, mä awer och en Abléck an d'Sozialgeschicht vum Lëtzebuerg.

RTL

Le blason à l’effigie du lion national qui ornait l’arc du pont jusqu’en 2015 est une œuvre de l’artiste Aurelio Sabbatini (1909-1987). Cette sculpture est le fruit d’une commande réalisée à l’occasion des travaux de rénovation du pont en 1960-62. Photo: Carlo Hommel

RTL

© Domingos Oliveira/RTL