Den 3. Mäerz 2010 gouf se erofgeholl, den 28. Januar 2011 nees drop gesat: D'Gëlle Fra steet nees op hirem Sockel op der Stater Place de la constitution.

D'Gëlle Fra war jo "demontéiert" ginn, fir si zu Shanghai op der Welt-Expo virum Lëtzebuerger Pavillon an dono och nach an enger Ausstellung zu Käerjeng ze weisen. Zu Shanghai ass si vu Millioune Visiteure bewonnert ginn, zu Käerjeng waren et der an de 6 Woche ronn 37.000.

Um Moie vum Freideg, 28. Januar ass déi gëlle Statue dunn awer nees op hire Sockel op der Place de la Constitution an der Stad um Boulevard Roosevelt stoe kommen. D'Marbrerie Jacquemart huet dës Aktioun duerchgefouert, d'Entreprise Tranelux huet den Transport assuréiert.

Den 3. Mäerz 2010 war d'Gëlle Fra jo demontéiert ginn, fir kënnen op d'Rees ze goen.

CSV-Stad: Plaz onwierdeg

D'CSV-Stad bedauert an deem Kontext, datt déi ugestaamte Plaz vun der "berühmtester Awunnerin vun der Stad" d'Mëtt vun engem Parking wier. Dës Situatioun wier engem nationale Monument net wierdeg. Dat d'Place de la Constitution wier keen Eenzelfall, den ëffentleche Raum an der Stad misst revaloriséiert ginn.