Fir déi 7. Kéier schonn huet den Institut Pierre Werner international Poetry Slammer op Lëtzebuerg bruecht.

Um Samschdeg konnt een an de Rotonden 5 „Spoken Word“-Kënschtler aus 5 verschiddene Länner nolauschteren. Dorënner sinn och ganz bekannt Nimm wéi zum Beispill d'Sarah Bosetti aus Däitschland oder nach den Renato Kaiser aus der Schwäiz, déi allebéid och op der Télé ze gesinn sinn. Déi francophone Zeen representéiert de Jean-Yves Bertogal alias JYB, de Gewënner vun der franséischer Slam-Meeschterschaft 2015.

Mä och jonk Talenter konnte weisen, wat se kënnen: d'Rebecca Heinrich kënnt aus Éisträich, an dat eréischt 18 Joer aalt Paule Daro huet Lëtzebuerg vertrueden. Hatt huet net nëmmen scho bei ville Poetry Slammen participéiert, mä huet 2015 och e Buch erausbruecht, „Angesichts des schwarzen Lochs“.

20 Minutten haten déi 5 Poetry Slammer Zäit, d'Publikum ze begeeschteren – mat Wierder, Musek oder Videoen.