De Mudam-Direkter Enrico Lunghi huet seng Demissioun den 28. Oktober agereecht. De Mudam huet d'Demissioun op den 31. Dezember akzeptéiert.

A sengem Demissiouns-Bréif schreift den Enrico Lunghi, datt hie wéinst de rezenten Evenementer, déi mat engem RTL-Interview ze dinn hunn, net méi mam selwechten Engagement a mat fräiem Geescht senger Tâche kéint nokommen. D'Wourecht esou wéi hie se gesäit wier am Reportage op RTL Télé net korrekt eriwwer bruecht ginn.

Am September war den Enrico Lunghi an d’Presse geroden, wéi hien eng RTL-Mataarbechterin um Arem soll blesséiert hunn. De Verwaltungsrot hat dem Enrico Lunghi no der Aktioun de Réck gestäipt.

De Conseil d'administration vum Mudam acceptéiert d'Demissioun vum Direkter Enrico Lunghi, bedauert awer seng Demissioun a seet him Merci fir déi 8 Joer un der Spëtzt vum Musée.

En appel à candidature fir d'Successioun gëtt geschwë lancéiert.

Hei dat komplett Schreiwes vum Enrico Lunghi: