RTL publizéiert integral Rushe vum Interview

Am Gespréich virum Interview: Sophie Schram an Enrico Lunghi. / © RTL Télé Lëtzebuerg
Den 13. September war et jo beim Interview tëscht der RTL-Mataarbechterin Sophie Schram an dem Mudam-Direkter Enrico Lunghi zu engem Incident komm.
D'Sophie Schram hat knapp 2 Wochen drop, nodeems si wéinst Peng um lénken Aarm beim Dokter passéiert war, decidéiert, fir eng Plainte géint den Enrico Lunghi ze maachen. An deem Kontext hat RTL Télé Lëtzebuerg den 3. Oktober owes an der Emissioun "Den Nol" e Montage vun de Faite gewisen, déi d'Sophie Schram zu där Decisioun beweegt haten.
RTL-NEWS vum 3. Oktober mat Videoen, Informatiounen a Reaktiounen.
E puer Deeg drop hat de Mudam-Direkter sech beim Sophie Schram schrëftlech entschëllegt an d'RTL-Mataarbechterin hat doropshin decidéiert, fir hir Plainte falen ze loossen.
RTL-NEWS vum 5. Oktober mat der Excuse vum Mudam-Direkter.
An där selwechter Woch gouf RTL offiziell gefrot, fir dat ganzt ongeschniddent Réimaterial vum Interview souwuel un de Conseil vum Mudam, wéi och un de Commissaire, dee mat der administrativer Enquête géint de Fonctionnaire Enrico Lunghi chargéiert gouf, weiderzeginn.
Well d'Suitte vum Tëschefall ëmmer méi eng grouss Dimensioun kréien an zum Deel hefteg an de Medien an an de sozialen Netzwierker diskutéiert ginn, huet RTL decidéiert, fir och dem Public déi Rushen zougänglech ze maachen.