An de "Cahiers luxembourgeois" ginn Texter, op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch, vun Auteure mat engem Bezuch zu Lëtzebuerg publizéiert.

No siwe Joer Paus ass se elo nees do: déi eelsten Zäitschrëft fir Literatur an kulturell Themen zu Lëtzebuerg. Rieds ass vun de „Cahiers luxembourgeois“. Déi éischt an eenzeg Nummer fir dëst Joer gëtt et am gewinnte Format vu virdrun, mä mat frëschem Wand.

AUDIO: Cahiers Luxembourgeois / Reportage Annick Goerens

Et ass souzesoen déi 5. Etappe an der Geschicht vun de "Cahiers luxembourgeois", déi 1923 gegrënnt gouf. Nom Nicolas Ries, dem Tony Jungblut an dem Raymond Mehlen hat den Nic Weber vun 1988 bis 2008 d'Zäitschrëft ënnert senger Leedung. Elo ass et fir d'éischte Kéier, dass e Grupp vun Editeuren d'Cahieren erausginn a fir d'éischte Kéier, dass och eng Fra derbäi ass: d'Elise Schmit, den Ian De Toffoli an de Marc Limpach.
Den Ian de Toffoli erkläert d'Motivatioun vun de benevollen Editeuren, fir sech dëser Erausfuerderung unzehuelen.
 
Et ass och e perséinlechen Engagement, well een dacks mam Nic driwwer geschwat huet, wéi een et weider féiere kéint. D'Cahiers luxembourgeois sinn eng Plattform, wou een et den Auteuren erméiglecht, fir verschidden Texter ze publizéieren, déi een net direkt un en Editiounshaus schécke kann, well se méi kleng sinn, wéi e Roman oder méi grouss sinn, wéi en Zeitungsartikel.

Verëffentlecht ginn Texter vun Auteure mat engem Bezuch zu Lëtzebuerg, déi entweder ob Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder, vun elo un, och ob Englesch schreiwen. Donieft sinn zwee Drëttel vun engem Hëft fir literaresch Aarbechte geduecht an een Drëttel fir Essaien oder wëssenschaftlech Texter.

De Lambert Schlechter kennt d'Cahieren schonn zanter senger Kandheet, well doheem de Papp se scho gelies huet. Den Auteur huet et schuet fonnt, datt et se elo e puer Joer net gouf. Ma dowéinst ass d'Freed awer elo ëm sou méi grouss, datt déi Aventure weider geet an een net méi wäit vum Centenaire vun de Cahieren ewech ass. Fir de Lamber Schlechter gehéiert d'Zäitschrëft zum Lëtzebuerger Kulturliewen, wéi kaum eppes anescht.

An der éischter Editioun vun den neie Cahiers sinn ënner anerem Texter vum Guy an Nico Helminger, Francis Kirps, Nathalie Ronvaux, Marc Limpach, Lambert Schlechter, Nora Wagener an dem Claire Leydenbach ënnert dem Pseudonym Anita Gretsch.

Méi Infoen iwwer d'Abonnementer an de Contenu fënnt een op www.cahiersluxembourgeois.lu oder op Facebook.