Bernd Marcel Gonner an James Leader zu Miersch ausgezeechent

Laureat Bernd Marcel Gonner, briteschen Ambassadeur John Marshall, Staatssekretär an der Kultur Guy Arendt, Jury-Presidentin Nicole Sahl, Laureat James Leader. / © Christiane Kremer
Am Literaturzenter huet de Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt d'Präisser an de Kategorië Kanner- a Jugendliteratur iwwerreecht.
Bernd Marcel Gonner an James Leader - dat sinn d'Nimm vun den zwee Laureate vum Literatur-Concours 2016, déi e Mëttwoch den Owend hir Präisser zu Miersch am Literaturzenter vum Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt iwwerreecht kruten.
De Concours war ausgeschriwwen an zwou Kategorien: Kannerliteratur bis 12 Joer a Jugendliteratur bis 18 Joer.
Dem Gonner seng Geschicht "Pirat oder Seeräuber sterben nie" erzielt déi spannend Liewes-Aventure vun engem Igel a senger Frëndschaft zu engem klenge Jong.
De Jugendroman "The Venus Zone" vum James Leader ass eng Road- a Love-Story, déi sech awer och kritesch mat der globaliséierter Finanzwelt befaasst.
Iwwer 60 Manuskripter a 4 Sproochen waren an den 2 Kategorien erakomm, déi meescht op Lëtzebuergesch. Bei dem Choix vun den Texter war sech de Jury awer séier eens a Saache Qualitéit an d'Präisser si fir en däitschen an en engleschen Text, sou d'Presidentin Nicole Sahl.
Déi zwee Auteuren Bernd Marcel Gonner an James Leader hu sech natierlech gefreet. Si kruten allebéid 5.000 Euro.
Jiddereen, dee matmaache wollt, konnt een anonymiséiert Manuskript op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch areechen.
Lauréats du Concours littéraire national 2016
Bernd Marcel Gonner et James Leader sont les lauréats du Concours littéraire national 2016 du ministère de la Culture. Le jury, composé de Nicole Sahl (présidente), Jeff Baden, Laurence Hilger-Weber, Christiane Kremer, et Jean Peffer, vient de primer les romans pour enfants et pour jeunes suivants:
"Pirat, oder Seeräuber sterben nie" de Bernd Marcel Gonner, 1er prix de la catégorie "Littérature d'enfance";
"The Venus Zone" de James Leader, 1er prix de la catégorie "Littérature de jeunesse".
Les premiers prix ont été motivés par le jury comme suit:
Prix dans la catégorie "Littérature d'enfance": Bernd Marcel Gonner: "Pirat, oder Seeräuber sterben nie" (langue: allemand)

Bernd Marcel Gonner
In der spannenden Geschichte "Pirat, oder Seeräuber sterben nie" erzählt der Igel Pirat von seiner Freundschaft zu dem Jungen Paul. Der vielschichtige, fantasieanregende Abenteuerroman berührt viele Themen, wie etwa die Beziehung zwischen Mensch und Tier, die Vergänglichkeit und die Suche nach dem Sinn des Lebens. Eigenständigkeit und Freiheit werden der familiären Geborgenheit gegenübergestellt. Der Text überzeugt durch seine poetische Sprache, seine kurzen prägnanten Sätze und seinen originellen Tonfall. Die schlüssig und gut erzählte Geschichte richtet sich an Kinder zwischen 8 und 12 Jahren.
Prix dans la catégorie "Littérature de jeunesse": James Leader: "The Venus Zone" (langue: anglais)

James Leader
The coming-of-age novel "The Venus Zone" combines a mystery plot with a love story. During his journey through Europe, young Thibault gets involved in an anticapitalistic campaign run by his uncles and a girl named Venus. The novel provides critical insight into the globalised world of finance. Psychologically plausible characters are developed in a fluent contemporary language with vivid and humorous dialogues, embedded in a captivating story.
A real page turner for young adults!