Et soll awer net d'Enn vum Festival sinn. Et géif een 2017 just eng Paus maachen, fir d'Konzept ze iwwerdenken.

Dës Informatioune krut RTL vun der Organisatioun confirméiert. Zu de Grënn wollt een awer nach näischt soen.

2018 soll et de Festival nees ginn.

Neie Festival an der Abtei Neimënster

Den Atelier wäert dëst Joer awer en anere Festival, ënnert dem Numm "Siren's Call" organiséieren. Dee soll de 24. Juni 2017 sinn.