Am Alter vun 61 Joer ass den Zeechner, Cartoonist a Karikaturist verscheet.

AUDIO: De Roger Leiner ass fir ëmmer vun eis gaang
AUDIO: Roger Leiner: Freides-Invité aus dem Joer 2010

De Roger Leiner ass virun allem bekannt ginn duerch d'Figur vum Superjhemp, déi hie gezeechent huet. D'Texter si jo vum Lucien Czuga.

De Roger Leiner gouf den 2. Februar 1955 zu Wolz gebuer. Hie war vun 1979 bis 1986 Staatsbeamten, ier hie Cartoonist gouf.  Zesumme mam Lucien Czuga hat hien de Superjhemp erfonnt.

Hie war quasi vun Ufank u bei den RTL-Déckkäpp derbäi war och ee vun der éischter Stonn vun der Emissioun "5 vir 12", wou op RTL Radio Lëtzebuerg all 14 Deeg d'Wochenaktualitéit auserneegepléckt gëtt.

AUDIO: Roger Leiner / Reportage Christiane Kremer

Et war seng riets Hand mat där de Roger Leiner zënter 30 Joer seng Comic-Helden an aner Figure gemoolt huet. Mat Micky Maus, Fix a Foxy huet seng Passioun ugefaangen, dono koum den Asterix an do war de Wee op fir d'franséisch a belsch Comics. D'Iddi, dat selwer als Beruff ze maachen, war awer als jonke Borscht net einfach, nodeems en Arts Plastiques zu Stroossbuerg studéiert hat, ass de Roger Leiner fir d'éischt bei de Stad schaffe gaangen, an de Ministère de l'Économie, bis e e sech duerch eng Parti Opträg, ënnert anerem fir d'Lëtzebuerger Land an d'Revue, konnt selbstänneg maachen.

Molen war fir hien en Passioun, eng Liewensaufgab. "Ech mole gär. Ech sinn zwar elo scho laang net méi am Congé gewiescht, wann ech awer eng Kéier mat de Kanner, wou si méi kleng waren, 2 Woche fort war, hunn ech och 2 Wochen net gemoolt. Da kënns de erëm, an da geet et och den éischten Dag net esou richteg. Et ass eng Saach, net vu Gewunnecht, mä vu Passioun."

De Kontakt mam Lucien Czuga huet de Wee fräi gemaach, fir Serien, wéi de Péchert an dunn de "Superjhemp", ze produzéieren. "Am Ufank sollt en och Superlux heeschen, mä mat Lux hate mer schonn alles: Elektrolux an ech weess net war. An dofir hu mer en dunn och Superjhemp genannt, well de Jhempi jo och e Gendarme ass. Et louch och bal op der Hand, datt e Staatsbeamte wier, well bal all Lëtzebuerger ass jo och Staatsbeamten. Dofir hu mir hien och Staatsbeamte gemaach. Vill Leit froe mech ëmmer erëm, op d'Staatsbeamten dann net béiss mat mer sinn, wann ech hien emol e bësse veraarschen a sengem Privatliewen? Nee, si sinn net béiss mat mir. Ech weess jo vu wat ech schwätzen, ech war jo och 7 - 8 Joer laang Staatsbeamten.  Dat ass och mëttlerweil esou akzeptéiert, datt et esou ouni Problem geet."

Säin dréchenen Humor, deen hien éischter roueg iwwer seng Zeechnunge markéiert huet, konnt een an de leschte Joren awer och ëmmer op eiser Antenn all 14 Deeg spieren. Vun Ufank un war de Leinesch Rosch ee vun de feste Membere vun der Emissioun 5vir12. Eng leschte Kéier war en den 4. Dezember 2016 sonndes ze héieren, nieft sengem Frënd Lucien Czuga, deen zu Déifst markéiert ass, awer och dem Gerard Valerius an dem Jemp Schuster.

De Superjhemp huet ee vu senge Pappe verluer, de 5vir12 ee vu senge Beschten a mir all, Rosch, hunn en immens gudde Frënd verluer. A Lëtzebuerg ee vu senge groussen Zeechner.

De Roger Leiner war och Mataarbechter vun der Revue a vum Lëtzebuerger Land.

AUDIO: 2.2.2015: De Roger Leiner kritt 60 Joer

Dem Roger Leiner säi laangjärege Frënd an Alter-Ego Lucien Czuga huet den Zeechner bei der Geleeënheet vun deem sengem 60. Gebuertsdag esou beschriwwen.

AUDIO: Lucien Czuga iwwer de Roger Leiner

Hien hat am Zeechne säin eegene Stil, sou wéi all d'Kënschtler. De BD-Spezialist vun RTL Radio Lëtzebuerg Gerard Floener huet dëse méi genau ënnert d'Lupp geholl.

AUDIO: Gerard Floener iwwer Roger Leiner

© Roger Leiner

Eng ganz perséinlech Erfarung huet den Nico Graf mam Roger Leiner gemaach. Hien erënnert sech.

AUDIO: Nico Graf iwwer de Roger Leiner

Iergendwéi en anert Liewen, hmm, wat en Ausdrock. Mä et ass awer esou. Am Joer 1989 hunn ech fir de Saarländesche Rundfunk e Radios-Feature gemaach an duerno och e Film iwwer d'Comic-Zeen zu Lëtzebuerg, déi deemools grad am gaange war, z'entstoen. Mat zwee komesche Männer, déi e koppege Superheld erfonnt haten, deen abstrus Aventure ze bestoen hat: de Superjhemp huet sech mam Bommeleeër ugeluecht a natierlech de Fall geléist. Tiens, hier Iddi war, dee Bommeleeër hätt Insecuritéit verbreet, fir datt déck Geschäfter kéinte gemaach ginn. Den Czuga an de Leiner haten esou gutt Nuesen, wéi hir Figuren déck Nuesen haten. Realistesch Comic-Figure géifen him net leien, sot de Roger Leiner, Männer mat den Hänn an den Täschen a mat décke Bäich an décke Nuesen, dat wier senges. An eben de Béier an de Kachkéis. Kachkéis, mäin eegene Papp hat esou eng Naup, sech heiansdo owes zwou, dräi déckeg Schmiere matenee mat Kachkéis ze schmieren an déi dann ze verdrécken. Näischt hunn ech besser verstan, wéi dee Super-Jhemp mat sengem Kachkéis.

A wat hu mer gedréit fir eise Film mam Leiner a mam Czuga. D'Gëlle Fra natierlech. Well de Super-Jhemp, déi jo mat senger décker Nues vun hirem Phallus stéisst, pardon: d'Sëlwer Meedchen vum Obelisk. An zu Rolleng bei Miersch beim Rosch doheem ware mer dunn owes, an - elo gëtt et politesch- ier mer ugefang hu mat dréien, huet de Roger Leiner eis Béier offréiert, belsche Béier. Trappiste-Béier, zwou oder dräi Zorte, kee Lëtzebuerger Béier, Skandal, géif de Charel Kuddel soen. An dunn hu mer deenen zwee Auteure eis Froe gestallt. Ech kann net zeechnen a net molen, sot deen een. Ech ka kee Szenario entwerfen, sot den aneren. Also joint aventure, an als Synergie-Effekt de Superjhemp, well zesumme wollten déi Zwee e luxusbuergesche Superheld fléie loossen. An dunn hat mäi Kameramann, esou sinn se déi Kameramänner, eben d'Iddi, fir de Roger Leiner zeechnen a molen ze loossen. Natierlech de Jhemp als Stréchmännchen – onheemlech, wéi sécher de Leiner mat sengem Stréch a sengem Schwong war an duerno de roude Cape, de wäisse Pullover an déi blo Box, d'Faarwe vum nationale Jhemp. Mir konnten also eise Spectateuren d'Gebuert vum Superjhemp aus den Hänn vum Roger Leiner weisen. Schéin.

An op eemol - Joeren duerno - sinn ech deenen zwee Comic-Auteuren all pur Wochen iwwer de Wee gelaf, wa se hei bei eis hei am Haus waren, wann et erëm 5 fir 12 war. Dann hu mer gepotert. Oder ech hu se gesinn zu Conter. Do huet de Roger Leiner mer erzielt, de Filmchen, dee mer deemools gedréit hätten, dee géife si nach ëmmer weisen, wa se an de Schoulen d'Saga vum Superjhemp erzielen.

Dat speziellt un deem Film ass dëst: en ass op richtegem alen analogem Film-Material gedréit. Dat heescht, wéi mer e visionéiert hunn, du konnte mer e vun Hand zeréckdréien, zerecklafen loossen, a no a no huet de Superjhemp seng Faarwen a seng Kap a säi Bauch a seng Linne verluer an um Enn war do e grousst wäisst Blat.

Ech hätt ni geduecht, datt de Roger Leiner dat mat sech selwer och kéint, zeréckfléien.

Zu Bréissel huet de President vun der EU-Kommissioun Jean-Claude Juncker op den Doud vum Lëtzebuerger Zeechner mat "Consternation" reagéiert:

Je viens d'apprendre avec consternation la nouvelle du décès de Roger Leiner. 
Ce caricaturiste et dessinateur de talent a marqué plusieurs générations de Luxembourgeois. Par ses travaux, il fait partie intégrante du paysage luxembourgeois et demeurera éternellement dans nos mémoires.