En neit Online-Kräizwuerträtsel ganz op Lëtzebuergesch

Et ass kal an Dir hutt Iech dobanne verkroch? Fir dass d'Zäit gutt ëmgeet, wéi wier et mat engem Online-Kräizwuerträtsel (KWR) integral op Lëtzebuergesch?
Zesumme mam Linguist Jérôme Lulling hat RTL Iech am Summer 2016 4 Woche laang ëmmer donneschdes e KWR proposéiert, dat Dir gemittlech op Ärem Smartphone, Tablet oder Laptop léise konnt.
Dat ass esou gutt ukomm gewiescht, datt mir elo weiderfueren.
Test Äert Wëssen a Beräicher wéi Kultur, Sport, Politik, Geschicht, Theologie, Geographie oder Philosophie. Mä och Froen iwwert eis Sprooch gëllt et ze léisen.
Hei stelle mer Iech also dat aacht Kräizwuerträtsel op Lëtzebuergesch vir.
Dir wëllt d'Rätsel maachen? Klickt hei an Dir gesitt et grouss um Computer, Smartphone, Tablet ...
An 100 Sekonnen: Den 21. Dezember ass den Dag vum Kräizwuerträtsel.
Dat alleréischt Kräizwuerträtsel gouf iwwregens 1913 an der amerikanescher Zeitung New York World publizéiert.
1969 huet dunn de Maître Capello déi éischt "Mots fléchés" (Schwederätsel) op Franséisch erausbruecht.
An zënter 2016 gëtt et da lo och komplett Online-Kräizwuerträtsel op Lëtzebuergesch.
Mir wënschen alle Leit dobaussen, déi matspillen, vill Chance!
Merci soe mer dem Linguist Jérôme Lulling, deen et mat senger Wierder-Datebank méiglech gemaach huet, datt dës Online-Kräizwuerträtselen entwéckelt konnte ginn.
Dir wëllt d'Rätsel maachen? Klickt hei an Dir gesitt et grouss um Computer, Smartphone, Tablet ...
Souguer hien hei spillt eis online Kräizwuerträtselen :-)
Erstes Haul-Video auf Luxemburgisch
Abgeleitet aus dem Englischen "haul" für "Fang", "Ausbeute" oder "Fischzug" sind Haul-Videos moderne Formen der Zurschaustellung von "erbeuteten" Produkten.
Der Luxemburger Youtuber Jérôme Lulling stellt in seinem ersten Haul-Video den "Marvel Legends Iron Man" Helm der Spielfirma Hasbro vor. Das Video ist auf Luxemburgisch untertitelt und enthält auch teilweise Übersetzungen auf Französisch.
https://youtu.be/8uhoSWd2lBg
In einem Haul-Video kauft man sich ein Produkt selbst und trägt seine eigene Meinung dazu vor.
Laut Wikipedia handelt es sich bei Haul-Videos vornehmlich um private Erfahrungsberichte, die durch die persönliche und häusliche Atmosphäre eine gewisse Glaubwürdigkeit bei der Online-Community vermitteln.
Es folgen in der Regel Tipps und Tricks rund um das Produkt selbst, dessen Nützlichkeit und Qualität, ebenso wie dessen bestmögliche Benutzung.
Jérôme Lulling's Youtube-Kanal enthält vornehmlich Video-Lektionen um Luxemburgisch zu lernen.https://www.youtube.com/user/luxdico
Mit "795,047 Views" zählt Jérôme Lulling wohl zu den erfolgreichsten luxemburgischen Youtubern und betritt mit seinem ersten Haul-Video auf Luxemburgisch wieder mediales Neuland.
Mehr Infos unter: www.Bonjour.Lu
Zënter 1999 gëtt de Jérôme Lulling lo scho Lëtzebuergesch-Coursen an huet dobäi ëmmer probéiert, déi nei Technologien an den Déngscht vun eiser Sprooch ze stellen, fir senge Schüler sou ze hëllefen.

D'Iddi fir mat Kräizwuerträtselen an de Coursen ze schaffen, déi hat de Jérôme Lulling scho méi laang. Et gëtt och eng Rei vu gratis Programmer, mat deenen ee ganz einfach sou kleng Kreuzworträtsele ka generéieren. Dat sinn déi sougenannt amerikanesch Kreuzworträtselen, wou d'Froen nummeréiert sinn an ausserhalb vum Gitter stinn.
Ma d'Zil war et, e Kräizwuerträtsel op Lëtzebuergesch ze entwéckelen, wou d'Froe matten am Gitter stinn, ee sougenanntent Schwederätsel also. An dat ass vill méi komplex, wéi et ausgesäit.
Do brauch ee fir d'éischt emol eng zimlech grouss Datebank mat Froen an Äntwerten an dono ee Programm, deen engem déi Datebank dann a verschidde Kräizwuerträtselen ëmrechent.
An der Datebank vum Jérôme Lulling sti fir den Ament eng 12.500 Froen, deenen hir Äntwerten da sou gekräizt ginn, datt een e komplett 100% Online-Kräizwuerträtsel op Lëtzebuergesch kritt mat Léisungswuert.
Dat si Froen iwwer national an international Theme wéi Geographie, Geschicht, Politik, Konscht (Film, Buch, Musek, Theater), Theologie, Philosophie, Sport asw. An och Froen iwwert eis Sprooch, z.B.:
- de Perfekt vu Verbformen: bauen > gebaut
- de Pluriel vun de Substantiver: Auto > Autoen
- Synonymer: Kapp > Bëls, exakt > genee
- Géigendeeler: staark > schwaach
- Nimm vu Lëtzebuerger Gemengen: Iechternach
- Ofkierzung vu Lycéeën an Associatiounen: Lycée Hubert Clement Esch > LHCE
- Iwwersetzungen: lb - engl: Himmel > sky , lb - frans: Péng > douleur
(lb = lëtzebuergesch, déi Ofk. an net z.B. lux gouf gewielt, well am Wuert "lëtzebuergesch" jo keen x dran ass)