
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.
Am Kulturhaus zu Miersch ass den Ament d'Ausstellung "Behescht" mat Konschtwierker vum Auteur Georges Hausemer ze gesinn, déi d'Susanne Jaspers zesummegestallt huet. Zwee Joer nom Doud vun hirem Mann féiert d'Schrëftstellerin och de Verlag "Capybarabooks" eleng weider.
D'Susanne Jaspers erzielt am Gespréich mam Christiane Kremer iwwer nei Publikatiounen, Reesliteratur, San Sebastian, kultur.lx an natierlech iwwer de Georges Hausemer als Moler.

Zeechnunge vum Georges Hausemer / © Kulturhaus Mersch

Expo "Behescht am Kulturhaus Miersch"



Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur
Podpurri - Episod 7 "René Penning"
Podpurri - Episod 5 "Nickel Bösenberg"
Podpurri - Episod 4 "Anne Mélan"
Podpurri - Episod 3 "Gintare Parulyte"
Podpurri - Episod 2 "Carole Lorang"