Podpurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Lescht Woch krut den Auteur Francis Kirps de Servais-Präis iwwerreecht an enger klenger Zeremonie am Literaturzenter zu Miersch. "An aller Stëllt", wéi d'Presidentin vun der Fondation Servais Germaine Goetzinger et genannt huet.

Dat gëllt awer net fir säin ausgezeechent Wierk "Die Mutationen" iwwer dat vill geschriwwen a geschwat ginn ass. Nieft dem Servais-Präis, krut hien och nach den Europäesche Literaturpräis a steet op der Shortlëscht fir de Buchpräis.

D'Christiane Kremer huet de Francis Kirps am Café des Tramways begéint a mat him emol iwwer alles geschwat, wat virum Servais-Präis war a wat dono kënnt. Et geet deemno ëm Poetry Slam, Sproochen, Dinosaurier an "Eber im Nebel".

Podpurri - Episod 9 Francis Kirps
Portrait Francis Kirps VIDEO
Mat sengem Buch "Die Mutationen" konnt den Auteur de Servais Präis gewannen.
"Die Mutationen" vum Francis Kirps war och en Thema bei No Art on AIr
Invité: de Jemp Schuster mat sengem Buch "Bluttsëffer". Aner Themen "Die Mutationen" vum Francis Kirps kritt de Prix Servais an Expo vum Eric Mangen zu Esch.
29/10/2020 Reportage Prix Servais Claudia Kollwelter

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL

Podpurri - Mir schwätze Kultur