
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.
Den Acteur Steve Karier ass den éischten Invité vum Joer am Kultur-Podpurri. Den Ament pendelt hien tëscht Lëtzebuerg a Krefeld, wou en als Regisseur un der Theaterproduktioun "Quartett" schafft.
Grad wéi zu Lëtzebuerg kann och an Däitschland wuel geprouft ginn, mä wéini nees Opféierunge sinn, steet nach an de Stären.
De Steve Karier hat d'Christiane Kremer op e Kaffi invitéiert an huet iwwer 2-Meter-Distanz op der Bün geschwat, iwwer Berufspendler, iwwer d'Audiobooks "Schacko Klak" an "Harry Potter", de Monodrama-Festival an natierlech iwwer dat ominöst Wuert "systemrelevant".

Lauschterbuch "Schacko Klak" vum Roger Manderscheid
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur
Podpurri - Episod 15: Claude D. Conter
Podpurri - Episod 14: Konstantin Rommelfangen
Podpurri - Episod 13: Betsy Dentzer
Podpurri - Episod 12 Julie Conrad
Podpurri - Episod 11: Théid Johanns
Podpurri - Episod 10: Marly Marques
Podpurri - Episod 9: Francis Kirps
Podpurri - Episod 8: Pascal Schumacher
Podpurri - Episod 7: Susanne Jaspers
Podpurri - Episod 6: René Penning
Podpurri - Episod 5 "Nickel Bösenberg"
Podpurri - Episod 4 "Anne Mélan"
Podpurri - Episod 3 "Gintare Parulyte"
Podpurri - Episod 2 "Carole Lorang"