PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Mat hire Rollen an Telesserien, Soapen, internationale Filmer, oder Theaterproduktiounen huet d'Hana Sofia Lopes sech an de leschte Joren net just zu Lëtzebuerg e Numm gemaach.

D'Schauspillerin mat portugiseschen Originnen huet och a Pandemie-Zäiten e gutt gefëllten Agenda, huet awer Zäit fonnt fir mam Claudia Kollwelter iwwert aktuell Projeten ze schwätzen, iwwert hire Faibel fir d'70er Joren, Yoga, Meditatioun an de Forrest Gump.

Podpurri - Episod 17: Hana Sofia Lopes

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL