PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Si kommen allen zwee aus engem Literatur-Studium, hu sech duerch e Praktikum am Theater kennegeléiert an zënterhier schaffe se ëmmer erëm bei Theaterprojeten zesummen: d'Regisseurin Daliah Kentges an d'Dramaturgin Sarah Rock. Den Ament brénge se "Rosenkranz und Güldenstern auf Greta" vum Kasemattentheater op eng ganz ongewéinlech Bün am Carré Hollerech.

Do hu se dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer hir jeweileg Aarbechten, iwwer dat aktuellt Stéck, den nächste Projet "Fake Facts", iwwer d'gutt Laun a Flexibilitéit bei der Aarbecht an den Horror selwer op der Bün ze stoen.

Podpurri Episod 20 Daliah Kentges a Sarah Rock

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL