PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

D'Architektur war net ganz hir Welt an dofir huet se sech viru 5 Joer e Kandheetsdram erfëllt an ass zanterhier Illustratrice.

D'Lynn Cosyn huet d'Claudia Kollwelter mat an hir verdreemte Welt geholl vu Pastell-Faarwen a Figuren, déi een zum schmunzele bréngen. Rieds geet awer och iwwert hir Kënschtler Residenz zu Tokyo, d'Erausfuerderunge vun engem "one-woman-buisness" an en ambitiéisen Agenda 2021.

Podpurri Episod 21: Lynn Cosyn

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL