PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Zeechnungen, Molerei, Print, Illustratiounen oder Skulptur...seng Konscht ass ganz divers. An och d'Sujete vu senger Aarbecht. Vun Rees Berichter, iwwer Geriichts Zeene bis hin zu den eegene Puer Schong.

De Pit Wagner ass zanter 1980 Berufskënschtler an interesséiert sech virum allem fir Saachen déi a Beweegung sinn. A sengem Atelier zu Ettelbréck huet hie mam Claudia Kollwelter iwwert déi aktuell Expo am MNHA geschwat, iwwert d'Laascht déi d'Geriichtszeechne mat sech bréngt, d'Passioun fir d'asiatesch Kultur a säi gréngen Daum.

Podpurri Episod 23: Pit Wagner

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL