PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Si hunn alle béid schonn a sëllege Formatioune Musek gemaach a sinn zanter enger Partie Joren d'Kärstéck vun der Band "The Tame and the Wild". D'Seja an de Flëpp sinn awer net just e musikalescht Duo mee och eng Koppel.

Podpurri Episod 27: The Tame and the Wild

Doheem an hirer Stuff hunn si natierlech iwwert hir Musek geschwat, wisou se op de Wee vun eenzele Singelen an net engem Album gaange sinn a wéi wichteg hinne Museksvideoe sinn. Si hunn awer och iwwert hir Verbonnenheet zu der Natur erzielt, wat si an och hir Meedercher fir Musek lauschteren a wat et heescht Musek net forcement als Haaptberuff ze maachen.

De komplette Podcast mat "The Tame and the Wild" fannt Dir op RTL Play.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL