PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Als "Kriminalist" huet e 14 Joer op der däitscher Tëlee Krimi-Fäll geléist, als Schauspiller kennt een de Christian Berkel awer och vu grousse Filmproduktiounen an Europa an zu Hollywood. Hien huet ënner anerem am Quentin-Tarantino-Film "Inglorious Basterds" oder och am Paul Verhoeven sengem Film "Elle" nieft dem Isabelle Huppert gespillt, oder stoung an Theaterproduktiounen op der Bün.

De komplette Podcast mam Christian Berkel fannt Dir op RTL Play.

Zënter dräi Joer ass de geléierten Acteur och Schrëftsteller an huet 2018 mat "Der Apfelbaum", enger Autofiktioun iwwer d'Geschicht vu sengen Elteren, Publikum a Kritik iwwerzeegt. Den zweeten Deel vun der Trilogie "Ada" koum am Hierscht eraus. Enn Februar war de Christian Berkel op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an dem Cube 521 fir dräi Liesungen zu Lëtzebuerg.

Podpurri Episod 26: De Christian Berkel

D'Christiane Kremer huet en do begéint a mat em geschwat iwwer seng intressant Familljegeschicht, iwwer d'Dréiaarbechte bei senger éischter Filmroll zu Lëtzebuerg, de Vir- an Nodeel vun de Streaming-Plattformen, den Ënnerscheed wéi e Schrëftsteller a wéi e Schauspiller seng Figuren entdeckt a getrennten Hotelzëmmer mat senger Fra, der Schauspillerin, Andrea Sawatzki.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL