PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Gläich zweemol gouf de Film "Collective" fir d'Oscaren nominéiert. Déi rumänesch-lëtzebuergesch Co-Produktioun gräift e sensibelt Thema op, et geet ëm Korruptioun am Gesondheetswiesen, déi no der Brandkatastroph an der Disco "Collective" 2015  zu Bukarest, opgedeckt gëtt. De Film vum Alexander Nanau suivéiert mat der Kamera e Journalist an e jonke Politiker a Rumänien.

De Bernard Michaux vu SAMSA-Produktioun war ganz séier vun der Iddi begeeschtert an huet sech op eng Aventure agelooss, déi ënner anerem de Präis um Lux-Filmfest krut, op grousse Festivaller war an international gutt Kritike krut.

Podpurri Episod 28: Bernard Michaux

D'Christiane Kremer huet de Bernard Michaux bei SAMSA begéint a sech mat him ënnerhalen iwwer "Collective", de Beruff vum Produzent, de Succès vu "Capitani" a wéi en derzou koum, Wiert ze ginn.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL