PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Si ass Schauspillerin, Dramaturgin, Regisseurin an Theaterschrëftstellerin. Ob am Kollektiv oder eleng interesséiert Si sech fir d'pluridisziplinär Konscht, ob a Form vu Performance oder dem Geschichten-Erzielen.

D'Claire Thill schwätzt ënnert anerem iwwert d'Kollektiv Independent Little Lies, iwwert Esch2022 an d'perséinlech Projeten un deenen d'Kënschtlerin fir d'Kulturjoer schafft, iwwert den David Lynch an eng Iwwerdosis un Netflix.

Podpurri Episod 29: Claire Thill

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL