PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

De leschte Sonndeg war den éischte Concert vum OCL, dem Orchestre de Chambre du Luxembourg, ënnert der Direktioun vu senger neier Chefdirigentin Corinna Niemeyer. Déi 35 Joer jonk däitsch Musekerin huet dëse Posten zënter dem September.

Virum Concert an no enger Prouf huet d'Corinna Niemeyer dem Christiane Kremer vun der grousser Faszinatioun geschwat, déi en Orchester op se huet, firwat se sech esou wuel viru Publikum fillt, wat e Concert mat Kachen ze dinn huet, wéisou se süchteg no Wikipedia ass a firwat se hir Musekkarriär enger Spann verdankt.

Podpurri Episod 30: Corinna Niemeyer
RTL

© Corinne Rosé

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL