PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

2000 koum mat "Russendisko" dem däitsch-russeschen Auteur Wladimir Kaminer säin éischt Buch eraus a gouf direkt en internationale Bestseller. Doran huet hie seng Erfarungen erzielt, déi en zu Berlin gemaach huet. 1990 ass en am Kader vun enger humanitärer Aktioun als jüdesche Sowjetruss vu Moskau an déi nach just existent DDR wunne komm. Souwuel als Geschichtenerzieler wéi och als DJ ass hie ganz séier aktiv ginn.

An der Tëschenzäit huet de Wladimir Kaminer 30 Bicher publizéiert an eng Onmass Kolumne geschriwwen oder Emssioune moderéiert. Säin Humor an ironesche Stil a säi russeschen Akzent hunn him eng grouss Popularitéit abruecht.

Podpurri Episod 35: Wladimir Kaminer

Den 7. Mee war de Wladimir Kaminer am Kader vun de Festivitéite fir den 100te Gebuertsdag vun der Bibliothéik zu Diddeleng fir seng Liesung "Rotkäppchen raucht auf dem Balkon ... und andere Familiengeschichten" op Lëtzebuerg komm. Seng éischt Liesung mat Publikum zënter Laangem. Doriwwer huet hie mam Christiane Kremer geschwat, awer och iwwer seng Heemecht Russland an iwwer déi aktuell politesch Situatioun do, iwwer Ausgaangsspären, seng Kanner a Balkonen op deene gefëmmt gëtt.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL