PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Als Konschtkritiker ass de Lucien Kayser nach ëmmer gär aktiv. Zënter e puer Joer ass de pensionnéierte Franséisch- a Philosproff a fréiere Fussball-Arbitter awer och President vun der Section Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal.

Virun e puer Wochen huet en an där Funktioun och de Präis vun der Sektioun un den Artist Eric Schumacher iwwerreecht, deen den Ament och an der Konschthal zu Esch ausstellt.

Podpurri Episod 36: De Lucien Kayser

Fir emol méi iwwer d'Roll an de Funktionnement vum Institut Grand-Ducal gewuer ze ginn, war d'Christiane Kremer an de Büro, deen am Gebai vun der neier BNL ass.

Ausserdeem goung mam Lucien Kayser awer och rieds iwwer déi franséisch Sprooch an hir Grammaire, iwwer Konschtkritik zu Lëtzebuerg an iwwer d'Esthetik an onlogesch Reegelen am Futtball.

RTL

De Kënschtler Eric Schumacher an de President vun der Section Arts et lettres vum Institut grand-ducal Lucien Kayser

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL