PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Zënter knapp zwee Joer ass de Marc Scheer an der Kulturfabrik zu Esch zoustänneg fir de Beräich Concerten a Musek. Virdrun war de gebiertege Wëlzer och an deem Beräich beim Wëlzer Festival aktiv.

Ausserdeem ass hien de President vun der asbl "Fête de la musique", déi elo tëscht dem 11. an dem 21. Juni eng Rei u Concerten uechtert d'Land coordinéiert.

Podpurri Episod 37: De Marc Scheer

Doriwwer ass  de Marc Scheer natierlech frou, well lescht Joer war dëst Fest vun der Musek dobausse mat Publikum aus de bekannte Grënn näischt ginn. Et blouf bei Initiativen op de verschiddene Radio-Senderen.

Dëst Joer ka lues a lues nees geplangt a gefeiert ginn. Och an der KUFA gëtt nees organiséiert. Wéi et engem Organisateur vu Concerten an esou enger Pandemie-Zäit geet an op wat hie sech am meeschte freet, huet de Marc Scheer dem Christiane Kremer backstage an der KUFA erzielt.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL