PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Zanter bal 3 Joer ass d'Sam Tanson Kulturministesch. Dee Ressort hat d'Politikerin vun Déi Gréng sech vun Ufank u gewënscht. Well d'Kultur scho vu Jonkem un ëmmer eng Passioun vun hir war, doranner huet se als Journalistin geschafft an och ëmmer erëm an hire politesche Responsabilitéiten.

Ee vun de wichtegsten Argumenter war et de Kulturentwécklungsplang, dee virdrun opgestallt gouf, ëmzesetzen. Eng Erausfuerderung, souwisou schonn, Mä dunn huet d'Pandemie och d'Kultur op d'Kopp gedréint. Zouen Haiser a Säll, keng Concerte méi an d'Kënschtler ouni Aarbecht an deels ouni Akommes. Ganz séier gouf vun offizieller Säit gehandelt.
Datt d'Kulturhaiser wuel mat Restriktiounen zënter Januar schonn nees op hunn, ass eenzegaarteg an Europa.

Podpurri Epsiod 39: Sam Tanson

D'Christiane Kremer huet d'Sam Tanson an hirem Büro am Justizministère, hirem anere Ressort, begéint, a mat hir geschwat iwwer de Wee aus der Corona-Kris, iwwer den Neistart Kultur, kultur lx, Esch 2022, hir Tableauen am Büro an iwwer eng Hüttewanderûng an de Bierger.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL