PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Fir eng Liesung am Kasemattentheater war den däitschen Acteur Herbert Knaup vrun zwou Wochen zu Lëtzebuerg. Et war net seng éischt Aarbecht am Land, virun e puer Joer huet en hei seng éischt Regie am Theater gemaach.

Bekannt ass den Herbert Knaup engem gréissere Publikum duerch seng Rollen a verschiddene Filmer, awer och Serien op der däitscher Tëlee.

Hie kann dobäi gutt tëscht trageschen a komesche Rollen hin- an hierswitchen.

Podpurri Episod 45: Herbert Knaup

Viru senger Liesung hat e sech Zäit geholl fir e Kaffi um Knuedler an huet dem Christiane Kremer am Interview méi erzielt iwwer de Beruff vum Schauspiller, iwwer d'Begeeschterung fir Musek an säin Schülergedicht "Der Staubsauger".

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL