PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

An der Molerei ass si doheem, méi genee an der Ueleg-Molerei. No hire Studien zu Florenz a Wien huet Si sech zu Lëtzebuerg nidder gelooss an schafft hei als fräischaffend Kënschtlerin. D'Sandra Lieners huet e gutt gefëllten Agenda an eng ganz Partie interessant Projeten an den nächste Méint. Ënnert aneren iwwert déi huet d'Artistin mam Claudia Kollwelter an hirem Atelier geschwat. Ma och iwwert Reesen, Musek, an a wéi wäit Sport hir an hirem Beruff hëlleft.

Podpurri Episod 48: Sandra Lieners

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL