PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Wéi de Gerard Valerius virun e puer Joer eng Galerie opgemaach huet, huet e sech selwer en Dram erfëllt. Vrun allem huet en awer domadder och vill Leit iwwerrascht. Bis dohinner war hie vrun allem bekannt als Gastronom mat Restaurant a Bistrot a laang Joren och am Disko-Nuetsliewen. An natierlech als RTL-Mataarbechter, deen ni ëm eng Äntwert verleeën ass oder souguer als Member vun der Band Djuju.

Podpurri Episod 51: Gerard Valerius

Wéi hien zu der Begeeschterung fir d'Konscht komm ass, wéi en den aktuelle Konschtmarché gesäit, wat e vum Banksy denkt a wéi en d'Art Week de Weekend erlieft huet, dat huet en dem Christiane Kremer am Zelt um Glacis erzielt.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL