PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

"Komm, ech filmen dech!" ass den Numm vun enger Serie mat ganz kuerze Filmer, déi een den Ament am Ufank vu Seancen a verschiddene Kinoe ka gesinn. Et sinn dat schwaarz-wäiss Biller, déi viru gutt 100 Joer hei am Land gemaach goufen. Mat dësen Amateur-Opnamen aus dem CNA erzielt d'Realisatrice Geneviève Mersch kleng Geschichten iwwer d'Liewe vun deemools.

Podpurri Episod 53: Geneviève Mersch

Am Interview mam Christiane Kremer huet d'Geneviève Mersch verroden, wéi et zu dëser Initiativ komm, iwwer Documentairen a Fiktiounsfilme, iwwer Selfië vu virun engem Joerhonnert, iwwer Fraen an der Filmwelt a wat de Robin Hood mat der rouder Bréck aus hirem éischte Film ze dinn huet.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL