PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Virun zwee Joer krut d'Elise Schmit de Servais-Präis fir hiert éischt  Buch "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" mat Kuerzgeschichten. Och wa se scho laang schreift, war et hir éischt Publikatioun, iwwer déi se sech och vill Gedanke gemaach hat.

Dëst Joer goufen et gläich dräi Premièrë vun Theaterstécker aus hirer Fieder. No "So dunkel hier" an hirer Residence am TNL, ass et elo d'Mäerchen "All d'Déieren aus dem Bësch", dat am Groussen Theater gespillt a vum Anne Simon inszenéiert gëtt

Podpurri Episod 55: Elise Schmit

Wärend enger Prouf, awer vrun der zouener Dier vum Sall, huet d'Elise Schmit mam Christiane Kremer geschwat iwwer d'Freed um Schreiwen, iwwer Märercher, déi net mat enger Hochzäit ophalen, d'Angscht vrun der Première, iwwer en onverëffentlechte Roman, iwwer déi laang Frëndschaft mam Anne Simon a witzeg Wierder am Lëtzebuergeschen.

90 Sekonnen "All Déieren aus dem Bësch" ARTBOX
All Déieren aus dem Bësch

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL