PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

D'Bün ass hiert doheem, ob als Schauspillerin oder Metteuse en scène. Mee och virun der Kamera steet d'Actrice vun Zäit zu Zäit. D'Erfarung déi d'Elsa Rauchs an ënnerschiddleche Schauspillschoule mat ënnerschiddlechen -Philosophië gesammelt huet, sëtzt si an diverse Projeten ëm. Aktuell mat der Performance "Amer Amer"  fir déi si zesumme mam Jérôme Michez schafft, awer och mat engem Projet mam Kollektiv Independent Little Lies am Kader vun Esch2022. D'Claudia Kollwelter huet sech am Escher Theater mam Elsa Rauchs e Bléck zréck an no vir geheit:

D'Elsa Rauchs an de Jérôme Michez

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL