PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun. Dës Woch erzielt de Gast Waltzing iwwer Concerten, Pandemie a Museker aus der Ukraine.

Zwee Joer huet e musse waarden, fir endlech am renomméierste Concertssäll vun der Welt kënnen opzetrieden. Lo ass et no der laanger Pandemie-Zäit esou wäit: am Musikverein zu Wien dirigéiert de Gast Waltzing e Concert mam Angélique Kidjo am Musikverein zu Wien. Dono geet et nach op Sankt-Pölten a Mulhouse. Viru 6 Joer gouf et fir Kidjo/Waltzing/OPL e Grammy fir den „Best World Music Album: Angélique Kidjo Sings with the Orchestre Philharmonique du Luxembourg“.

Nieft der Freed op de legendäre Concertssall ass et fir den Trompettist a Komponist awer och d'Erliichterung nees dierfe live ze spillen.

Podpurri Episod 66: De Museker Gast Waltzing

Am Virfeld huet de Gast Waltzing bei sech doheem dem Christiane Kremer awer och iwwer seng nei Projeten erzielt, iwwer déi schwéier Corona-Zäit fir Museker oder och seng Produktiounsfirma Waltzig/Parke, iwwer déi nei Erfarung mat der Pensioun doheem a seng Suergen, déi e sech mécht ëm ukrainesch Museker mat deenen hien, ënner anerem 2018 bei engem Concert zu Kiev, geschafft huet.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL