PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Désirée Nosbusch mat Impressiounen aus engem laange Gespréich am Kasemattentheater.

"Endlich noch nicht angekommen" ass den Titel vum Buch, dat d'Désirée Nosbusch an Zusammenaarbecht mam Journalist Jochen Siemens beim Ullstein-Verlag erausbruecht huet: E Buch iwwert hiert Liewen, eng Biographie, wann och- mat 56 Joer kee Wonner - nach keng komplett, wéi den Titel scho verréit.

An engem längere Gespréich mam Christiane Kremer am Kasemattentheater, huet d'Désirée Nosbusch dem Publikum mat vill Charme a mat Humor hiert Liewen erzielt: iwwer déi grouss Momenter, déi schwéier Zäiten, déi vill Zweifel, déi wichteg Mënschen an hirem Liewen an déi eenzel Statiounen: Radio bei RTL, däitsch Tëlee, Schauspillschoul New York, de Grand-Prix 1984 zu Lëtzebuerg, Moderatiounen europawäit, d'Famill an hir Kanner Lennon a Luka Kloser zu LA, déi allen zwee Museker sinn, de Kasemattentheater, "Bad Banks" a "Sisi".

An ëmmer erëm geet et ëm Lëtzebuerg, do wou alles ugefaangen huet an do wou d'Désirée Nosbusch elo och nees ukomm ass. Awer och ëmmer nees fir nei Projeten ënnerwee ass.

Podpurri Episod 68 Désirée Nosbusch

Am Podpurri ginn et eng Rei Momenter vun dësem Owend, mat Extraiten aus dem Buch, villen Anekdoten an och kriteschen Iwwerleeungen zu sech selwer an den net einfache Momenter um Ufank vun der ganz jonker Karriär.

RTL

"Endlich noch nicht angekommen" / © Verlag Ullstein

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL