PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Carlo Vogele, deem säin Animatiounsfilm "Ikarus" am Kino leeft.

Wéi huet d'Geschicht vum Ikarus ugefaangen? Wat huet en als Kand an als jonke Bouf erlieft, bis en an d'Sonn flitt? De Lëtzebuerger Realisateur Carlo Vogele huet sech fir säin éischten Animatiouns-Long-Métrage eng vun de bekannteste Figuren aus der griichescher Mythologie erausgesicht a sech ausgeduecht, wéi de klengen Ikarus opgewuess ass a wéi e säin Ëmfeld gesäit.

Podpurri Episod 69: De Carlo Vogele

Den Ament leeft de Film a gläich dräi Versiounen am Kino zu Lëtzebuerg, mee et kann een en och a Frankràich a geschwënn an der Belsch gesinn. Wéi dës Produktioun tëscht Lëtzebuerg an der Belsch anstanen ass, dat erzielt de Carlo Vogele dem Christiane Kremer am Podpurri vun dëser Woch.

Mee natierlech muss och iwwer de Wee vum Zeechner an Zeenarist Carlo Vogele geschwat ginn: iwwer säin Ofschlossfilm op der Schoul zu Paräis ronderëm d'Geschicht vun enger Strëmp, duerch deen e vu Pixar-Films entdeckt gouf. Iwwer seng Erfarungen bei hinnen an den USA, awer och iwwer seng aner Kuerzfilmer vun engem Fësch, deen eng Operarie séngt an iwwer d'Pamela Andersson als Baywatch-Poulet am Film "Wurst".

" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture" allowfullscreen>

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL