PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Theater, Danz a Musek si fir d'Performance Kënschtlerin net vuneneen ze trennen. "The Assembly" heescht hiren aktuelle Projet, deen no Diddeleng elo op Tournée geet. Iwwert deen, ma och iwwert d'Biergerbühn vun Independent Little Lies, iwwer Technomusek a villes méi huet d'Claudia Kollwelter mam Catherine Elsen, bei der Kënschterlin doheem, geschwat.

Podpurri Episod 71: D'Performance Kënschtlerin Catherine Elsen

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL