PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Odile Simon, déi no 15 Joer als Direktesch zu Maarnech an d'Pensioun geet.

2007 ass de Kulturzenter Cube 521, wat d'Héicht bedeit op där e leit, opgaangen. Éischt Direktesch gouf d'Odile Simon, déi vu Berlin zeréck an hiert Heemechtsland koum.  A 15 Joer huet déi geléiert Schauspillerin, déi an der Schwäiz an an Däitschland ënnert anerem als Dramaturgin a Regisseurin geschafft huet, e kulturelle Programm opgebaut, deen an d'Regioun gepasst huet an och seng Nisch fonnt huet.

De Schwéierpunkt hat si op däitschsproochegen Theater, Jazz-Musek a vrun allem eng grouss Offer fir Kanner a Jugendtheater geluecht. Elo geet si a Pensioun.
Op enger Feier den 13. Mee, krut d'Odile Simon Äddi gesot. Si wier e Glécksfall gewiescht fir de Cube 521 hunn déi Responsabel aus Gemeng a Verwaltungsrot gelueft.

Podpurri Episod 74: Odile Simon

Am Virfeld vun der Feier huet d'Odile Simon dem Christiane Kremer erzielt, wéi et war fir sou en neien Zentrum am Éisleck opzebauen, wat déi schéinst Momenter waren, awer och iwwer hir Zäit am Ausland, iwwer d'Schauspillerei an hir Nofollgerin Christine Keipes.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL