PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Max Thommes iwwer säi Projet "Das Radial" an d'Produktioun "Im Schatten" zu Esch-Sauer.

Mat 4 Joer stoung e fir d'éischte Kéier op der Bün, a wousst du schonn direkt, datt dat eemol säi Beruff géif ginn. De Max Thommes huet säi Wee vun der Fräiliichtbün vu Groussbus dono bis op Berlin op d'Schauspillschoul gemaach an tëschenduerch och nach als Museker mat der Band "Inborn" zu LA an engem Studio opgeholl.

Haut pendelt hien tëscht Schauspill a Musek, tëscht Theater a Film, tëscht Lëtzebuerg a Berlin, tëscht Max an "Das Radial". Dëse spezielle Projet a Personnage, befaasst sech mat der virtueller Welt, an där mer liewen.

Den Ament ass de Max Thommes mat zwou Produktiounen zu Lëtzebuerg: als Museker bei "Die Maschine steht still" zu Schëffleng op der Industriefriche an als Regisseur vun "Im Schatten" bei der Nuit des Légendes zu Esch-Sauer (25.6.).

Podpurri Episod 78 De Max Thommes
RTL

An do huet d'Christiane Kremer hien och begéint a mat him geschwat iwwer d'Faszination an d'Gefore vum Fräiberuffler an d'Sich no ëmmer neien Ausdrocksformen.

RTL

D'Bün vun "Im Schatten" gëtt opgeriicht.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL