PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Faarweg a verspillt - esou kann een d'Aarbecht vun der Illustratrice a Grafik Designerin Irina Moons ëmschreiwe, mat där si eegenen Aussoen no d'Leit frou wëll maachen. An hirem neien Atelier zu Esch bitt si am Kader vun der Asbl "Raclette" Workshoppen an der Sérigraphie un. An genee do huet d'Claudia Kollwelter d'Kënschtlerin besicht.

Podpurri Episod 83: Irina Moons

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL