PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Den Eric Mangen schafft net wéi gewinnt op Toillen, mee mat Affichen a Pousteren. Wat et domat op sech huet a wéi e genee virgeet huet hien dem Claudia Kollwelter a sengem Atelier erkläert. Donieft huet den Eric Mangen och iwwert Kënschtleresidenzen geschwat, seng Evolutioun als Kënschtler, seng Passioun fir d'Kachen an d'asiatesch Kichen:

Podpurri Episod 85: Eric Mangen

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL