PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mat der Directrice vum MUDAM Bettina Steinbrügge.

Zënter dem 1. Abrëll ass d'Bettina Steinbrügge d'Directrice vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean. No Statiounen zu Wien, Berlin, Chicago, Paräis, Mulhouse an Hamburg huet se sech ganz bewosst fir de MUDAM intresséiert an hir Kandidatur gestallt.

An der Tëschenzäit huet d'Bettina Steinbrügge sech scho gutt agelieft am Land an am Muséee selwer, deen se als grouss Erausfuerderung gesäit, als Plaz, déi keng Konschtfestung soll sinn, mee oppen an ouni Barrière fir jiddereen.

Bis Enn 2023 ginn hei nach déi Expoe gewisen, déi hir Virgängerin Suzanne Cotter erausgesicht hat, mee ee Programmpunkt huet se awer erageholl: e Symposium an eng Expo vum Kënschtler Michel Majerus, deem säin 20ten Doudesdag de 6. November ass.

Podpurri Episod 89 D'Bettina Steinbrügge

An hirem Büro huet se dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer hire Wee bei d'Konscht, iwwer d'Architektur vum Mudam, iwwer hir Visiounen an d'Entwécklung vun der zäitgenëssescher Konscht, iwwer d'Villsproochegkeet an hir Léift fir Päerd.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL