PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Laureat an der Laureatin vum Prix Mameranus.

1990 ass eng éischte Kéier den IKB-Präis iwwerreecht ginn, dee jonk Kënschtler, déi nach keng 30 Joer hunn, auszeechent. Iwwer d'Zäit vun der Pandemie krut de Präis e Lifting an en neien Numm: "Prix Mameranus", deen op de Poet Nikolaus Wagner zeréckgeet, deen am 16te Jorhonnert  gelieft huet a vu Mamer war.

Dëst Joer war de Präis fir jonk Museker. Vu 14 Kandidaten huet de Jury sech fir d'Emma Santini an de Yanis Grisó entscheed. Béid si Joergank 2003, béid spillen e Sträichinstrument, de Yanis Gei an d'Emma Braatsch (Alto) a béid studéiere Musek, de Yanis um Conservatoire zu Maastricht an d'Emma op der Julliard School zu New York.

RTL

De leschten Donneschdeg 24. November krute si hire Präis bei enger feierlecher Zeremonie iwwerrreecht, bei där se och selwer gespillt hunn. Virdrun koume se nach fir e Gespréich an de Studio bei d'Christiane Kremer. De Yanis hat och seng Gei derbäi an huet se direkt gestëmmt.

RTL

© Commune Mamer

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL