PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Zejoert ass Si mam Lëtzebuerger Danzpräis ausgezeechent ginn. Als professionell Dänzerin a Choreographin ass hiren Agenda ëmmer gutt gefëllt. Tëscht de Prouwe vun enger Reprise am groussen Theater huet d'Elisabeth Schilling mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert aktuell Projete geschwat, d'Studienzäit zu London, de Choix vum zäitgenësseschen Danz a wéi een am beschten op säi Kierper oppasst.

Podpurri Episod 95: D'Dänerzin a Choreographin Elisabeth Schilling

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL