PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mat de Coordinatricë vu kulturlx.

An dem Kulturentwécklungsplang steet als eng vun de Fuerderungen d'Creatioun vun engem Arts Council. Zënter Februar 2021 gëtt et kulturlx, zënter Juni 2021 ass d'Struktur offiziell aktiv mat un der Spëtzt zwou Fraen: d'Valérie Quilez an d'Diane Tobes.

Wéi sinn hir Erfarungen no anerhallwem Joer a wat hir Erwaardungen an Erausfuerderungen? A wat sinn d'Funktioune vu kulturlx, nodeems d'Chamber unanime de Gesetzesprojet vun engem Etablissement public gestëmmt huet.

Podpurri Episod 96: Valérie Quilez an Diane Tobes kulturlx

D'Christiane Kremer huet déi zwou Coordinatricen am Casino an der Ëneschtgaass begéint a mat hinnen iwwer hir Aarbecht am Sënn vun der Kultur geschwat, awer och iwwer hir Erfarungen als "Binôme" un der Spëtzt vu kulturlx.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL