D'Direktesch vum Cube 521 Christine Keipes

PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mat der neier Direktesch vum Kulturzentrum vu Maarnech.
Innovativ, villfälteg, iwwerraschend - et wäert een net enttäuscht ginn vun de Prestatiounen am Cube ... sou beschreift d'Christine Keipes hiert Haus, dat se am Summer lescht Joer als Nofollgerin vum Odile Simon iwwerholl huet.
2007 ass de Kulturzentrum Cube 521 zu Maarnech opgaangen, souzesoen als kulturell "Suite" vum klenge Maarnecher Festival, deen iwwer Joren qualitativ héichwäerteg Concerten op verschiddene Lieuen ugebueden huet.
Ganz nei ass d'Haus dem Christine Keipes, déi en Éislecker Meedchen ass, net. Ëmmerhi war si vun Ufank un derbäi an huet an der Communicatioun an an der Administratioun hir éischt Schrëtt am Aarbechtsliewe gemaach.

De Jan Josef Liefers liest am Cube zu Maarnech aus "Juli Zeh Übermenschen" / © Filip Veirman
Virun der ausverkaaftener Liesung mam Jan Josef Liefers den 10. Februar, huet d'Christine Keipes dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer hire Wee an de Cube, de Konschtstudium, déi nei Erausfuerderungen an de Publikum, dee vun iwwerall kënnt.
De Programm vum Cube 521 zu Maarnech
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
