PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mat dem artisteschen Direkter Alexis Juncosa iwwer déi 13. Editioun vum LuxFilmFest.

2011 war déi éischt Editioun vum LuxFilmFest. Zënter dëser éischter Editioun gëtt de Festival geleet vum Alexis Juncosa, dee vu klengem un e fervente Cinéphile ass.

Podpurri Episod 104 mam Alexis Juncosa

Ënner iwwer 900 Filmer huet hie mat sengen Ekippen a Comité de sélection decidéiert, wéi eng Filmer gewise gi bei der 13. Editioun vum LuxFilmFest: Competitiounen - Fiktioun, Dokumentär, Kannerfilmer - eng Rei grouss Nimm Hors-Concours, awer vrun allem och eng ëmmer méi wichteg Plaz fir d'Lëtzebuerger Filmproduktioun.

Luxfilmfest 2023 - Trailer

Am Konferenzsall vum Festival beim Kapuzinertheater, huet den Alexis Juncosa dem Christiane Kremer vill erzielt iwwer déi lescht schwéier Editiounen an Erausfuerderungen, iwwer d'Philosophie vum Festival, der Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Filmproduktioun, dem Asaz vu Benevollen, awer och wat fir e Film e besonnesch markéiert huet an, wat e mécht fir emol vum Ecran fortzekommen.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL