PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam däitschen Acteur Jan Josef Liefers, dee fir eng Liesung zu Maarnech war.

Den 10. Februar war den däitsche Schauspiller a Museker Jan Josef Liefers fir eng Liesung am Cube 521 zu Maarnech. Virun ausverkaaftem Haus huet hien aus dem Roman "Über Menschen" vum Juli Zeh gelies.

De Jan Josef Liefers ass vrun allem ganz populär ass duerch seng Roll vum exzentresche Professer Börne an der Tatort-Serie, déi zu Münster spillt.  Doriwwer eraus ass hien awer och Museker a steet dacks vrun der Kamera. Säin éischte grousse Succès hat en am Film "Knockin on heaven's door" nieft dem Til Schweiger an dem Thierry Van Werveke.

Podpurri Episod 106 Jan Josef Liefers

Am Virfeld vun der Liesung hat d'Christiane Kremer de Jan Josef Liefers nach an den Interview kritt a gouf do méi gewuer iwwer seng Parade-Roll Börne, iwwer Liesungen, säi Bopa, d'Pandemie an d'Wichtegkeet vum Buch, dat hie fir d'Liesung erausgesicht hat.

Jan Josef Liefers zu Lëtzebuerg
De Schauspiller hat am Cube 521 zu Maarnech aus der Juli Zeh hirem Buch "Über Menschen" gelies.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL